Formatioun Animateur Brevet A
De Brevet A soll déi Jonk drop preparéieren Kanner oder Jonker wärend enger Fräizäitaktivitéit (ouni Iwwernuechtung) an ënner Opsicht vun engem Verantwortlechen ze betreien. Den Animateur ënnerstëtzt e Verantwortleche bei enger Aktivitéit mat Kanner oder Jugendlechen. Am festgeluechten a zäitlech begrenzte Programm plangt a leet den Animateur eegestänneg eng bestëmmten Aufgab.
Programm:
D’Ausbildung besteet aus 30 Stonnen Theorie ( vum 5. bis den 8. Abrëll 2022) an 20 Stonne Stage, déi zu engem spéideren Zäitpunkt am Jugendberäich mussen absolvéiert ginn.
Programm:
D’Ausbildung besteet aus 30 Stonnen Theorie ( vum 5. bis den 8. Abrëll 2022) an 20 Stonne Stage, déi zu engem spéideren Zäitpunkt am Jugendberäich mussen absolvéiert ginn.

Am Mëttelpunkt vun dëser Ausbildung stinn:
Typesch Asazplazen:
- Grondkenntnisser vun der Risikopräventioun
- Grondkenntnisser vun der Betreiung vu Kanner a Jugendlechen
- Verantwortung vum Betreiungspersonal
Typesch Asazplazen:
- Fräizäitaktivitéite wärend der Summervakanz, déi vun de Gemengen oder Maison Relais organiséiert ginn.
- Fräizäitaktivitéiten an a mat de Jugendhaiser, sief dat an de Vakanzen oder Weekends.
Eckdaten:
-> 05.04.2022 - 08.04.2022
-> Treffpunkt um 8.00 zu Beefort bei der Jugendherberg (55, route de Dillingen. L-6315 Beaufort)
-> Participatioun: 100€
-> mat 3 obligatoreschen Iwwernuechtungen an der Jugendherberg