«DENG MEENUNG ZIELT»

ass een Event, deen eis Gemeng zesummen mat der Nordstadjugend organiséiert. Hei hunn an dësem Fall Jugendlecher d’Méiglechkeet hier Meenung zu deene verschiddensten Themen an awer och hir Wënsch u Politik a Gesellschaft ze formuléieren.
Net Alles ass realisabel, awer doduerch dass dir, déi Jugendlech, matmaacht, iech manifestéiert an iech un deene verschiddene Sujeeën interesséiert, soll hei een Dialog tëschent deene verschiddenen Acteuren entstoen, deen sech net nëmmen op dësen Event bezitt, ma et soll eng Kontinuitéit op dësem Feld ginn.
Der Aktioun «DENG MEENUNG ZIELT» wënschen ech vill Erfolleg, de Verantwortlechen vun der Nordstadjugend ee grousse Merci an dat et een «ongoing project» gëtt.
Gast Jacobs
Buergermeeschter
HEI GEET ET BEI DEN ONLINE-FROEBOU !
Wou kanns du däin ausgefëllte Froebou oofginn?
- zu Colmer op der Gemeng
- an dengem Club
- an engem vun de Jugendhaiser Ettelbréck oder Dikrich
Mir soen dir elo schons merci fir d'Matmaachen!!!