„Féier eng op“ ass e flotten Theaterprojet dee vun der Nordstadjugend organiséiert gëtt.
Ziel vun dem Projet ass, dass déi Jonk sech kënnen op kënschtlecher Aart op oder hannert enger Bün ausdrécken an hiert eege Konschtstéck mat engem Optrëtt am CAPE virstellen: mat hirem Message, hiren Iddien, hirer Konscht. Se kënnen, mussen awer keng Erfarung hunn. Déi Jonk sollen sech op engem vun de Schnupperdeeg e Bild vun de Workshops maachen, a kucken wat alles ugebuede gëtt, natiirlech onverbindlech. All Aarte vu Konscht si wëllkomm: Musek: danzen, sangen, rappen, Beatbox,…. Schauspillerei: schwätzen, danzen, Pantomim,... Bünebild: molen, bitzen, Schräinerei, Design,…. Hannert der Bün: Text vum Stéck, Luucht, Organisatioun, Technik,…. Mell dech an Entscheed eréischt no dem Schnupperstage ob respektiv wat's du maache wëlls. |
“Féier en op” est un projet théâtral organisé par la Nordstadjugend.
Le but du projet est de permettre aux jeunes de s'exprimer artistiquement sur ou derrière une scène et de présenter leur propre œuvre d'art lors d’une appartion sur scène au CAPE : avec leur message, leurs idées, leur art. Ils peuvent, mais ne sont pas obligés d'avoir de l'expérience. Lors d'une des journées d‘essais, les jeunes auront un aperçu des ateliers proposés. Toutes les formes d'art sont les bienvenues: Musique: danser, chanter, rapper, Beatbox,…. Théâtre: parler, danser, pantomime, ... Scénographie: peinture, couture, menuiserie,design,…. L'envers du décor: texte de la pièce, lumière, organisation, le volet technique,… Inscris-toi et décides ce que tu veux faire seulement après la journée d'essai. |