Kachconcours 2017 - Lo gëtt et eescht ;)
Déi 20. Editioun vum Kachconcours ass net méi wäit. Hei fann Dir elo di lescht Informatiounen zu deem wat den 11. März an der Hotelschoul zu Dikrich wärt um Programm stoen. Wéi di lescht Joer üblech kritt Dir en Wuerekuerf mat deene verschiddene Saachen firgeschriwwen, wat dir dorauser maacht, ass Iech iwerlooss. Et ginn trotzdem e puer Viirschrëften, un déi Dir Iech haale musst.
Aus dem Wuerekuerf MUSS eng Entrée, en Haaptplat an en Dessert entstoen.
Entrée
D’Entrée besteet aus 2 kaalen an 2 waermen Verrinnen
Haaptplat
Den Haaptplat ass en Duo de Pâtes
Den Deech muss selwer gemaach gin; 2 verschidden Nudelzorten an 2 verschidden Zoosen
(Bsp Saghetti Bolognese an Penne Carbonara oder Penne Pesto an eng Lasagne,... )
Dessert
D’Thema vum Dessert ass 20 Joer Kachconcours, demno Gebuerstdag.
2 verschidden Saache si viirgeschriw (zbsp e klenge Kuch an eng Crème,...)
OPGEPASST: ALL LIEWENSMËTTEL WOU ENG QUANITEIT UGINN ASS, MUSS VERSCHAFFT GINN. EN EINFACHEN x HEESCHT DASS DAT LIEWENSMETTEL DO ASS, KANN MEE MUSS NET BENOTZT GINN.
An hei ass Äre Wuerekuerf...

kachconcours_wuerekuerf_2017.pdf | |
File Size: | 133 kb |
File Type: |