TEENAGE DREAM - di 100% jugendgerecht Party!
Eis Teenage Dream geet an di 9. Ronn! Just fir Jonker vun 11 bis 15 Joer. All Jonke muss sech an der Entrée ausweise kënnen (Identitéitskaart oder Schülerkaart MAT FOTO). Wie keng Kaart dobäi huet, dierf leider net ran. Dat wor och all di Jore virdru sou, a waert och sou bleiwen. D'Nordstadjugend gëtt dir d'Méiglechkeet dech ze informéieren an ze feieren wéi e groussen mat vun 18.00 - 20.00 eiser Infofoire a vun 20.00 - 23.00 eiser Jugendparty! All Jonken deen tëscht 18.00 an 19.30 kënnt, huet gratis Entrée fir d'Party! Fir di aaner ginn et Ticket'ën an der Oweskees fir 5€. Fir weider Froen kënnt dir eis gären uschreiwen op Facebook (Nordstadjugend Jugendhaus Dikrich Jugendhaus Ettelbréck) oder och per WhatsApp respektiv SMS op den 691 80 91 65. |
Hei dann och den Detail vun de Busnavetten... D'Navette sinn natiirlech gratis!
100% PartystëmmungDen DJ SE7EN suergt fir di richteg Beats op der Danzpist!
|
100% Spaassflott an interaktiv Workshop'en:
- Workshops - Fotobox - Be Juicy, di non-alkoholesch Cocktailbar |
100% InformatiounInformativ Stänn zesumme mat:
- Bee Secure - dem Kanner a Jugend Telefon - dem Péitrusshaus - dem Zentrum fir politesch Bildung |
0% Alkohol- bei eis gët et keen Alkohol, dofir awer selwergemaachten non-alkoholesch Cocktailen
|