Back to Nature
Bass du teschend 18 an 25 Joer an hues Loscht puer Deeg vun Doheem fortzefueren.
Da bass du hei genau richteg!!! Fuer mat eis op den Youth Exchange "Back to the nature" Mir fueren vum 17. - 27. August 2015 an d’Ammerland (Däitschland). Ënner aanerem ginn mir op en Hike, an den Heichseelgaart, Mountainbiken, Fëschen, eng Farm kucken a machen eng oder die aaner Wasserspiller, an nach vill mei. Geschloof get an d’Zelter. Dobäi sinn Jonker aus Deitschland, Norwegen, Mazedonien, Belarus, Georgien, Estland a mir. Et handelt sech hei em en europäeschen Jugendaustausch an kascht dech net mei wéi 80 Euro Bei wieder Froen mëllt Iech beim Sandra: sandra@nordstadjugend.lu, Tel: 803764, oder kommt einfach an de Büro 309 hei um Stack |