FUN & RUN 2017
Et handelt sech em e Laaf/Trëppel-Rallye fir Jonker a manner Jonker aus dem ganze Land. Jiddereen, ab 12 Joer däerf matmaachen; Är Jugendlëcher, Dir, Elteren, Geschwëster oder Monni‘en an Tatta’en. Dësen Dag ass all Mensch wëllkomm.
An Equipe vun dräi Leit, wäerten d’Participant’en e klenge Wee laafen oder trëppelen an dono Spiller maachen. De ganzen Dag iwwer geet et drems esou vill Punkte wéi méiglech ze sammelen. De „Fun & Run“ ass esou opgebaut, dass all Equipe, egal wéi sportlëch oder net sportlëch, gewanne kann. Fir dësen Dag setze mir grousse Wäert ob d’Beweegung an de Spaass, ewéi awer och op den Teamgeescht vun de jeweilegen Equipen.
Selbstverständlech wäert déi Equipe, mat de meeschte Punkten zum Schluss vum Dag e flotte Präiss gewannen.
De „Fun & Run“ fënnt zu Dikirch hannert der Schwemm statt. Wann dir tëschenduerch Loscht op eng kleng Ofkillung hutt, hällt iech keen dovun of e schnelle Sprong an déi oppe Schwemm vun der Dikrich Plage ze maachen.
D' Participatioun beleeft sech op 18€ pro Equipe, hei abegraff sinn; 3 Wirschtecher + 3 Softdrinks + 3 non alkoholesch Cocktail'en + 3 T-shirts