Back to the nature - Ammerland
Am August 2015 huet d’Dikricher Jugendhaus mat 6 Jonken un engem europäeschen Austauschprojet (Erasmus+) „Back to the Nature“ an Ammerland deelgeholl.
Dëse Projet gouf vun NaturKultur e.V.organiséiert. 7 Länner hu sech getraff fir 10 Deeg ouni Technologie an der Natur ze verbréngen. Déi Jonk hunn um Camping zu Connefordean zu Hahn-Lehmden an Zelter geschlof. Een Dag hu si am Bësch verbruecht, wou si d'Waasser fir sech ze wäschen, selwer gepompelt hunn. Owes hu si ee Lagerfeier gemaach a sech Geschichte verzielt. Zesummen hunn déi Jonk hiren Alldag organiséiert, et gouf zesumme gekacht, gespullt an d’Ëmfeld propper gehalen. Déi Jonk hunn un Aktivitéiten, ewéi Fëschen, Schwammen, Kloteren, Vëlofueren, Hiken deelgeholl.
Et gouf eng Visite vun engem Bauerenhaff an enger Molkerei gemaach a Blummen a Geméis geplanzt. Och Kennenleierspiller an Aktivitéiten am Waasser sinn net ze kuerz komm. Et goufen eng ganz Rei u Workshopen zu den Themen Zerstéierung vun der Natur, Verbesserung vun der Welt, Afloss vum Handy a Computer an eiser Gesellschaft, Zelt opbauen a Vëlo flecken ugebueden. Heibäi konnten déi Jonk hier Grenzen,Stäerkten a Schwächte kenneléieren.
D’Participant'en hate Méiglechkeet hiert Englesch ze verbesseren. All Dag huet en internationalen Owend stattfonnt, wou di Jonk hiert Land virgestallt hunn. Si hunn hier Zäit genoss an hate vill Spaass ouni Handy a Computer.