Outdoor + - a never ending acitivity
|
Vum 24 Juli bis den August 2015 huet dˈNordstadjugend zu Beefort eng international Erasmus+ Jugendbegnung organiséiert. Et sinn jeeweils 5 Jonker tëschent 15 a 18 Joer an ee Leader aus Finnland, Spuenien, Estland a Lëtzebuerg zesummen komm. Geschlof gouf an den Tipizelter um Camping, Giess gouf Moies am Kummelsbau a Mëttes an Owes an der Jugendherberg zu Beefort.
Déi Jonk hunn un verschiddenen erliewnispädagogeschen Outdooraktivitleiten wéi Paddelen, Héichseelgaart, Kachen an der Natur, Tandem Mountainbiken, Hiken duerch de Mëllerdall a villes méi deelgeholl. Hei konnten si Erausfuerderungen unhuelen an sech hiren Kompetenzen a Stäerkten bewosst ginn. Am Nomëtten hunn am Kummelsbau Workshopen stattfonnt, wou déi Jonk sech op hiren Iwwergang vun der Schoul op dˈAarbecht konnten virbereeden. Hei sinn sech déi Jonk bewosst ginn wat si fir Stäerkten a Kompetenzen schonn hunn a wéi eng si sech wëllen fir hir Zukunft uneegnen. Grouss Zieler waren enger Säits Selbstbewosstsinn stäerken, Kommunikatiounsfähegkeet erweideren, Teamaarbescht, Eegeninitiativ, selbstkritesch Reflexioun a Partizipatioun fuerderen. Genausou waren d’Fähegkeet Problemer ze erkennen, no Léisungsweeër ze sichen a Verantwortung ze iwwerhuelen grouss Themen. |