Kachconcours 2014
Insgesamt 56 Jonker verdeelt op 18 Equipen hu Samsdes den 8. März un der 17. Editioun vun eisem Kachconcours deelgeholl. Wéi all Joer wor dësen Event eng Zesummenarbescht tëscht dem Service National de la Jeunesse, der Dikricher Hotelschoul souwéi der Nordstadjugend a.s.b.l.
Et gouf bei deser Editioun dann och di eng oder aaner Neierung; sou gouf et zum Beispill keen Rezept nozekachen, mee all Equipe kruut, 2 Woche virum Concours, eng Lescht mat Liewensmëttel, déi verschafft sollte ginn. Vum Poulet, iwert Scampi'en bis hin zu de Spaghetti'en wor de Choix grouss... Di eng Saachen hu misse verschafft ginn aanerer konnten verschafft ginn. All Equipe konnt sou sain eegene Menü zesummestellen, am Virfeld probéieren fir dann der Jury firzesetzen. Rauskoumen all méiglech Variatioune vu Menü'er. Als kleng zousätzlech Aufgab huet all Equipe och eng Menü's-Kaart gebastelt, gemolt oder kreéiert.

Um 15.00 goufen d'Kachmaschinnen ugeschmass, um 19.00 stoung, beschtefalls, den éischte Plat um Dësch. Bewert goufen vun der Jury; den Timing, d'Presentatioun, d'Kreativitéit, de Goût, den Teamwork, d'Menükaart, d'Hygiène an ob all firgeschriwen Liewensmëttel benotzt goufen.
Gewonnen huet schlussendlech, wéi och d'Joer virdrun d'Equipe "Les inséparables" aus dem Jugendhaus Stroossen mat 865 Punkten virum Jugendhaus Briddel mat 864, op di 3 Plaz koumd'Jugendhaus vu Betzder.
D'Gewenner kruuten 125.-, den zweeten 100.- an deen 3. 75.-. Als klenge Merci kruut dann och all Participant en Kachschieteg souwéi en Memorystick geschenkt.
D'Equipen vun der Nordstadjugend koumen op di 5., 9. an 11. Plaz.