🔥 KACHCONCOURS 2026
15 Ekippen, 41 Jonker an eng grouss Spull!
29. Editioun vum KACHCONCOURS: Vill Kreativitéit, nach méi Teamgeescht an heiansdo bessi Salz zevill oder och ze mann. 👨🍳
De 24. Oktober war et nees esou wäit: An der École d'Hôtellerie et de Tourisme de Luxembourg gouf geschnidden, gekacht, gebroden, frittéiert an natierlech och geschweesst!
Bei der 29. Editioun vum KACHCONCOURS hu sech 15 Ekippe mat ronn 41 Jonken der kulinarescher Erausfuerderung gestallt.
Ënnert der Leedung vun eisen zwee Fachleit hunn di Jonk gewisen, wat an hinne stécht. An dobäi war séier kloer: Kachen ass net einfach nëmmen eppes an d'Pan geheien an hoffen, datt et schmaacht! 😅
🍝 Eng Iwwerraschung fir unzefänken!
Um 15 Auer ass de Startschoss gefall. Als éischt stoung eng kleng Iwwerraschung um Programm: D'Entrée war bis zum Start vum Concours geheim!
Selwergemaachte Gnocchi mat enger Tomaten-Basilikum-Zooss, no engem virgeschriwwene Rezept.
Fir den Haaptplat an den Dessert konnten d'Ekippe sech dogéint schonn am Virfeld preparéieren. An dat huet een och gemierkt!
🍔 Burger, Burger an nach méi Burger!
Fir den Haaptplat stoung e Burger mat enger Gromperebäilag an zwou verschiddenen Zoossen um Menü.
Vum klassesche Burger mat engem Patty iwwer duebel Burger bis hin zum knusperege Chicken-Burger – d'Kreativitéit hat keng Grenzen!
Och bei de Gromperen ass et alles anescht wéi langweileg ginn: Twister-Pommes, Séissgrompere-Pommes, Pommes dauphinoise an nach vill aner originell Kreatiounen.
Zum Ofschloss gouf et dann nach eng Île flottante. Eppes lofteg Séisses, awer awer esou munch engem Team nach eemol alles ofverlaangt huet!
⏰ D'Auer leeft ... an d'Jury waart!
Wien elo mengt, di Jonk hätten de ganzen Nomëtteg gemittlech kënne kachen, deen huet sech geiert!
De Planning war kloer:
- 15:00 Auer: Start an der Kichen
- 19:00 Auer: Entrée bei der Jury
- 19:30 Auer: Haaptplat zerwéieren
- 20:30 Auer: Dessert op den Dësch
An der Kichen hunn zousätzlech den Teamwork an d'Hygiène gezielt.
Mol war e bëssen ze vill Salz dran, mol huet eng Prise Salz gefeelt a mol huet d’Salz wéi Zocker geschmaacht. – mee genee dat gehéiert dozou! Schliisslech ass nach kee Meeschter vum Himmel gefall. 😉
🏆 Chicken Chaoten hunn d'Nues vir!
Um Enn war et eng richteg spannend Decisioun!
D'Ekipp „Chicken Chaoten“ vu Solidarité Jeunes huet sech mat just engem eenzege Punkt Virsprong virun „Los Reyes del Quemando“ déi éischt Plaz geséchert! 🥇
Eng knapp Affär, bei där wierklech all Punkt gezielt huet!
Déi dräi bescht Ekippe kruten e Geldpräis. D'Iddi hannendrun: Zesumme mat hirem Educateur kënnen d'Jonker sech e flotte Restaurantbesuch leeschten an en entspaanten Owend verbréngen – dës Kéier ganz ouni selwer hanner der Kachplack ze stoen!
Als Merci fir d'Matmaache krut ausserdeem all Participant e Rucksak als kleng Erënnerung un dësen Dag.
❤️ Vill midd, awer glécklech Gesiichter!
No esou engem laangen Dag waren d'Batterië bei ville Jonken zimlech eidel. Mee trotz dem Stress, der Hëtzt an dem Zäitdrock huet een och ganz vill Laachen, Stolz an Zefriddenheet gesinn. An dat ass genee dat, wat dëse Concours ausmécht! Eist Zil ass et, de Jonken de Kachberuff méi no ze bréngen an hinnen ze weisen, wéi vill Aarbecht, Präzisioun, Kreativitéit an Teamgeescht hannert engem gudde Plat stiechen. Vläicht war jo och dëst Joer schonn deen een oder anere Stärekach vu muer dobäi! ⭐
🙏 E grousse Merci!
Esou en Event wier ouni eis Partner an déi vill engagéiert Leit net méiglech.
E besonnesche Merci geet un eis zwee Haaptpartner, d'École d'Hôtellerie et de Tourisme de Luxembourg an de Service national de la jeunesse (SNJ).
E grousse Merci och un all déi bedeelegt Institutiounen, Jugendhaiser, Educateuren, eis Jury an natierlech un all déi Jonk, déi mat esou vill Motivatioun a Begeeschterung dobäi waren.
🎂 2027 gëtt gefeiert!
Déi 29. Editioun ass gepackt – an nächst Joer steet e ganz besonnesche Gebuertsdag un:
30 JOER KACHCONCOURS! 🎉
Mir freeën eis elo schonn op déi 30. Editioun am Joer 2027, op nei Ekippen, nei Iddien an natierlech op nach vill kulinaresch Iwwerraschungen!


































































































































































































































